SHARE

Photo By © afp

Dëse Méindeg Owend ass een Auto an eng Pizzeria östlech vu Paräis gerannt. Dobäi ass ee Meedchen ëm d’Liewe komm.

Leschten Update: 15.08.2017, 09:30:32

Am Oste vu Paräis ass e Méindeg den Owend géint 21h en Auto an eng Pizzeria gerannt. Een 8 Joer alt Meedchen ass dobäi ëm d’Liewe komm.  Op mannst 12 weider Persoune goufen deels schwéier blesséiert. E Jong vun 3 Joer schwieft a Liewensgefor an huet misse mam Helikopter an d’Spidol bruecht ginn. 

D’Police huet de Chauffeur kuerz drop , ronn 60 Kilometer vu Paräis, festgeholl. D’Autoritéiten ginn dovun aus, dass hien mat Absicht gehandelt huet, . Éischt Ermëttlungen géingen awer net op een terroristeschen Hannergrond hindeiten.

Den 31 Joer ale Mann wier drogéiert gewiescht an hätt wahrscheinlech versicht sech selwer ëmzebréngen.

Enger Source vun der Justiz no, hätt de Mann zouginn, dass hien schonn e Sonndeg probéiert huet, sech d’Liewen ze huelen.

News by eldoradio 

Facebook Comments