SHARE

D’Bäileed kënnt aus der ganzer Welt

Et ass moies fréi, zwou Auer an der Alstad vu Barcelona: se maachen ee verluerenen Androck, déi Dosen un Touriste wou net wierklech wësse wouhinner. Eigentlech wëllen se just zréck an hiren Hotel oder d‘Appartement op der „La Rambla“. Déi emblematesch Avenue vu Barcelona, wou gëschter 13 Mënschen hiert Liewe verluer hunn. Bis zu honnert solle verletzt gi sinn.

Eng eeler Koppel aus Schottland setzt ee puer honnert Meter vum Monument Christoph Kolumbus. Mat Beduecht halen se d‘Entrée vu „La Rambla“ am A, déi vu Sécherheetsbeamten ofgespaart ass. De Mann am einfachen T-Shirt erënnert sech: „Mir souzen um Balcon wéi den Uschlag passéiert ass, direkt ënnert eis. Mir hunn alles gesinn, d‘Camionnette (déi an d‘Leit gerannt ass), d‘Panik iwwerall…“

Seng Fra, mat engem eidelen, erschreckende Bléck: „Mee mir erzielen näischt. Mir hunn alles der Police erzielt. Déi waren direkt do, keng zwou Minutte méi spéit. Si ware ganz gutt“.

Den islamesche Staat revendiquéiert

Am spéiden Nomëtteg, am Häerze vu Barcelona, den éischte vum IS revendiquéierten Attentat op spueneschem Buedem. D‘Zil: „La Rambla“ mat sengen Touristen a Passante, déi tëscht den Zeitungsstänner, Blummenhändler a Souvenirsbutteker dat schéint Wieder an den auskléngenden Dag genéisse wollten.

Vun der Gässelchen „Hospital“ aus, kann een d‘Camionnette nach gesinn, déi ee Kiosk gerammt huet iert se hir déidlech Course ofgebrach huet. Et huet ee nach d‘Police gesinn hir wëssenschaftlech Enquête weiderféieren. Eng bedréckend Stëmmung läit iwwer der laanger Avenue déi bis un d‘Mier féiert. An der Stad vun 1,6 Milliounen Awunner, déi am Joer iwwer 9 Millioune Gäscht ophëlt, hunn d‘Croisière-Schëffer um Quai op de Retour vun hire Passagéier gewaart.

Aus dem Alldag gerappt

D‘Tragedie huet d‘Stad a sengem ordinärem Alldag onerwaart, hefteg, getraff. Den FC-Barcelona war grad derbäi eng Nidderlag géint de Real Madrid ofzewieren, dei katalanesch Regierung ass mat engem weidere Referendum fir d‘Onofhängegkeet beschäftegt, an um Fluchhafen hunn d‘Sécherheetsbeamte gestreikt.

Mam Uschlag an där Stad, déi 1992 d‘olympesch Spiller empfaangen hat, war den Alldag eriwwer. De Streik um Fluchhafen huet opgehalen. D‘Taxien hunn, wien et gebrauch huet, gratis gefouert. Fräiwëlleger hunn ugebuede Blutt ze Spenden. Och an den Hoteller an der Noperschaft vun der Avenue, sinn d‘Touristen opgeholl ginn, iert se an hir Haiser zréck konnten. Am Zentrum, bestuel vu sengen übleche Festivitéite vum August, huet eng irreale Silenz sech wéi eng Kéisklack iwwert alles geluecht.

E versichten Uschlag och zu Cambrils?

De Freidegmoien um 2 Auer, sinn an der Küstestad Cambrils – 120 Kilometer südlech vu Barcelona – sechs Zivilisten an ee Polizist blesséiert ginn. Hei war en Auto op d‘Leit lassgaangen. Duerch d‘Schëss vun der Police konnt d‘Gefier gestoppt ginn.

„Déi presuméiert Terroristen déi mat engem Audi A3 gefuer sinn, an wéi et schéngt och Leit iwwert de Koup gerannt ze hunn, sinn op emol op eng Patrull vun de ‚Mossos d‘Esquadra‘ (Regional Police vu Katalounien) gestouss an et ass direkt geschoss ginn“, esou d‘Matdeelung vun der regionaler Regierung. Véier vun de Leit am Auto sinn Doud an e fënnefte gouf verletzt, bestätegt d‘Police. Op déi presuméiert Attentäter eppes mam Uschlag vu Barcelona ze dinn hunn, konnt bis ewell net gekläert ginn.

Solidaritéit zum Ausdrock bruecht

De Jean-Claude Juncker, EU-Kommissiounspresident, den Donald Tusk, EU-Rotspresident an den Antonio Tajani, EU-Parlamentspresident hunn hiert Bäileed de Familljen ausgesprach. Et ass och verséchert ginn all Hëllef ze ginn déi benéidegt gëtt an datt ganz Europa hannert Spuenien steet.

Bei de Vereenten Natiounen ass et de Generalsekretär Antonio Guterres, deen den Uschlag veruerteelt an de Familljen an dem Land d‘Matgefill ausgesprach huet. Och den UN-Sécherheetsrot huet den hannerlëschtegen Uschlag schaarf veruerteelt an bestätegt op e neits, datt den Terrorismus eng vun de gréisste Bedreeunge fir de Weltfridde wier.

Twitter steet hannert Barcelona

Nach um Owend an am laf vun der Nuecht, huet sech d‘Diplomatie aus der ganzer Welt zum hannerlëschtegen Uschlag geäussert. „D‘Terroriste gewannen ni géint ee vereente Vollek dat seng Fräiheet gären huet“ esou de Mariano Rajoy, spuenesche Regierungschef an engem Tweet. „Si terroriséieren eis net. Ganz Spuenien ass Barcelona“ heescht et aus dem Palais vum Kinnek Felipe VI.

D‘Premierministesch vu Groussbritannien, där hiert Land och bluddeg Uschléi kannt huet, bekennt datt d‘Briten „solidaresch mat Spuenien géint den Terrorismus ass“. „Meng Gedanke ginn un d‘Affer vum schrecklechen Attentat deen haut Barcelona getraff huet“, esou d‘Theresa May op Twitter.

Och den Donald Trump huet sech wéi gewinnt iwwer Twitter matgedeelt: „D‘USA veruerteelen den terroristeschen Ugrëff op Barcelona a wäerten alles maache wat néideg ass fir ze hëllefen. Bleift couragéiert a staark, mir hunn iech gären“. Kuerz virdrun hat den US-Ausseminister Rex Tillerson verséchert, datt d‘USA Spuenien bei der Enquête géif bäistoen.

Paräis twittert och, an do kann een den Emmanuel Macron liesen: „mir si solidaresch mat den Affer vun der tragescher Attack zu Barcelona. Mir bleiwe vereent an entschloss“. Den Eiffeltuerm war an der Nuecht (0.45 Auer) zu Éieren vun den Affer ausgemaach ginn.

De Spriecher vun der Kanzlerin Angela Merkel condamnéiert d‘Dot: „Mir denken a grousser Trauer un d‘Affer vun dësem hannerlëschtegen Ugrëff zu Barcelona“, esou de Stefen Seibert op sengem Twitter-Account.

Op Twitter och d‘Noriicht vum belschen Ausseminister Didier Reynders, deem säi Land net vun den dschihadisteschen Uschléi verschount gouf. „Mir sinn op e neits solidaresch an denken un d‘Affer an hir Familljen“. Um selwechte Wee de Justin Trudeau, Premierminister vu Kanada: „Kanada veruerteelt den terroristeschen Uschlag vu Barcelona. Ons Gedanken an Ënnerstëtzung ginn un d‘Affer an hir Familljen“.

Aus Griicheland kënnt den Ausdrock vu Solidaritéit vum Alexis Tsipras: „An dëse schwéiere Momenter sinn d‘Gedanke vun eis alleguerte mat Barcelona“. Och de Jens Stoltenberg, NATO-Generalsekretär denoncéiert via Twitter den terribelen Ugrëff: „Mir bleiwe vereent am Kampf géint den Terrorismus“.

Solidaritéit am klassesche Sënn

Während sech den hollännesche Premierminister Mark Rutte nach via Facebook der hannerlëschteger Dot entgéint stellt, gëtt an Italien de klassesche Wee vun der Kommunikatioun gewielt. „Barcelona déi Schéin, d‘Frëndin, ass ugegraff. Italien ass bei de lokalen a spueneschen Autoritéiten“ deklaréiert de Paolo Gentiloni, italienesche Regierungschef.

Zu Moskau rifft de Vladimir Putin d‘Welt op sech géint den Terrorismus ze erhiewen. „Wat geschitt ass, confirméiert eng kéier méi de Besoin vun enger globaler Vereenegung vun den Efforten an engem Kampf ouni Kompromëss géint den Terrorismus“ esou de russesche President an engem Kondolenztelegramm un de Kinnek vu Spuenien.

An Israel huet de Premierminister Benjamin Netanyahu déi „ziviliséiert Welt“ opgeruff sech dem Terrorismus entgéint ze stellen. „Israel veruerteelt den terroristeschen Uschlag vu Barcelona (Haut hu mer op e neits gesinn, datt den Terrorismus iwwerall zouschléit“. Och d‘Tierkei a Japan veruerteelen déi terroristesch Dot Schaarf. Esou huet den Ausseminister vu Japan, Taro Kono „säin déifste Matgefill“ un d‘Affer an d‘Familljen ausgedréckt. „An dëse schwieregen Zäite wëlle mir ons Solidaritéit mat Spuenien zum Ausdrock bréngen“:

mam Laurence Boutreux/AFP

Foto: D‘Leit gi vu spuenesche Polizisten aus dem Beräich gefouert, wou eng terroristesch Band fir den Doud vun 13 Mënsche verantwortlech ass. Bis zu honnert Leit sinn bei dësem Attentat blesséiert ginn. (© Lluis Gene/AFP)

 
MOIEN.LUvun den 18/08/2017
Facebook Comments