SHARE

Wann et och sécherlech seng Aufgab ass, de Gäscht déi an d‘Stad kommen Animatiounen ze bidden an hinnen och bei der Sich no Interessantem bäizestoen, esou huet de Luxembourg City Tourist Office (LCTO) nach keen Afloss op d‘Wieder.

An trotzdem dierf sech den LCTO zefridde weisen. Tëscht dem 11. a 15. August hate vill Leit de Wee an eis Haaptstad fonnt. Schold dorunner sécherlech den Evenement mat de Stroossekënschtler, dee wéinst dem reenerege Wieder hätt kënnen a Gefor geroden. Mee et gëtt kee schlecht Wieder, just schlecht Kleedung.

E positive Bilan

Et dierf een also um Knuedler ee grousst Grinsen am Gesiicht hunn. D‘Pressespriecherin Cathy Giorgetti zitt esou e positive Bilan: „D‘Equippe vum LCTO waren no un de Leit. Si hu ronn 7.300 Persounen iwwer déi touristesch Attraktiounen an Evenementer informéiert. Dobäi hu mer um Samschdeg eng Spëtzt vun 1.900 Leit festgestallt“.

 

D‘Salle à manger am Groussherzogleche Palais. Eng Visite déi vum LCTO ugebuede gëtt a ëmmer nees ee volle Succès ass. (© Jose-Noel Doumont/Groussherzogleche Palais/LCTO)
D‘Salle à manger am Groussherzogleche Palais. Eng Visite déi vum LCTO ugebuede gëtt a ëmmer nees ee volle Succès ass. (© Jose-Noel Doumont/Groussherzogleche Palais/LCTO)

 

Zu den Originne vun de sëllechen Touristen, kann eis den LCTO dann och eppes méi soen: 20% waren aus dem Frankräich, 16% koumen aus Holland, Däitschland bréngt et op 15%, aus dem Nopeschland Belsch waren et der nach 5%. Interessant ze notéieren, datt och 7% Visiteuren aus dem Ländchen sech bei de „Luxembourg Jackets“ informéiert hunn.

Wann d‘Kasematten um Bock sech generell iwwert de Besuch net bekloe kënnen, esou hat et hei um Samschdeg mat 1.878 Entréeën e Rekord ginn. D‘Cathy Giorgetti bestätegt iwwerdeems, datt „déi 42 Visitte vum Groussherzogleche Palais bal alleguerten Ausverkaf waren“. Doriwwer eraus muss ernimmt ginn, datt den LCTO 93 Féierunge vun der Stad an de Kasematten organiséiert huet.

Foto: Nieft villen aneren Offeren, huet och den „Streeta(rt)nimation“ de ville Gäscht an der Stad Lëtzebuerg d‘Geleeënheet ginn, ganz schéi Momenter ze verbréngen. Datt sech d‘Sonn do verstoppt huet, ass engem kaum opgefall (© Martine de Lagardère/moien.lu)

 

vun

Facebook Comments