SHARE

Enn Juli dëst Joer huet sech an Amerika op enger Fouer e Stéck vun engem Spill geléist. Wéi gesäit et mat der Sécherheet vun de Spiller op der Fouer aus?

E puer Deeg virun der 677. Editioun vun der Schueberfouer stellt sech natierlech, ewéi all Joer d’Fro vun der Sécherheet vun de Spiller. Déi Manègen, déi net enger gewëssener Sécherheetsnorm entspriechen, dierfen net méi op der Fouer stoen.

Esou och den Top Spin: vir dass e konform ass, misst de Propréitaire 238’000€ investéieren. Dat mëscht en awer net. Dofir wäerte mir an Zukunft och keen Top Spin méi op der Schueberfouer gesinn.

Lauschtert hei de ganze Reportage:

Text By Eldoradio

Facebook Comments