SHARE

Den Haider al-Abadi, irakesche Premierminister, huet an der Nuecht vun ee Samschdeg op e Sonndeg den Ufank vun der Schluecht matgedeelt. Et soll dem islamesche Staat (IS) eng vu senge leschten Héichbuergen ofgeknäppt ginn. D’Stad Tal-Afar an der nërdlecher Provënz vu Ninive.

Wéi ëmmer, wann den Ugrëff vun der irakescher Arméi gestart gëtt, mat der Ënnerstëtzung vun der Koalitioun, ass de Chef vun der Arméi op der Tëlee ze gesinn. Hien huet sech hei dann och un d’Combattante vum IS geriicht; „Ech soen Daech, datt si keng aner Wiel hunn wéi sech ze erginn oder ze stierwen. Mir hunn all eis Schluechte gewonnen an Daech huet ëmmer verluer. Déi ganz Welt steet hannert eis“.

Tal-Afar läit 70 Kilometer westlech vu Mossul, Richtung Syrien. Déi irakesch Regierungstruppe ginn ënnerstëtzt duerch d’Loftschléi vun der Koalitioun. Mat derbäi sinn „Unitéite vun der Volleksbeweegung“, eng schiitesch paramilitäresch Organisatioun, déi vum Iran ënnerstëtzt gëtt. Dës Allianz huet grouss Gebidder Zeréck eruewert.

Am Nopeschland Syrien steet den IS och ënnert dem Feier vun den arabeschen an kurdesche Verbänn. Déi gi bei Raqqa zolidd vun den USA ënnerstëtzt, wou den IS sech kaum nach hale kann. A béide Länner huet den IS dann och grouss Deeler vu sengen Herrschaftsgebidder verluer. Dobäi sinn Dausende Kämpfer ëm d’liewe komm, Verloschter déi duerch auslännesch Dschihadiste kompenséiert solle ginn.

Wéineg Informatiounen

Ugangs Juli haten déi irakesch Truppe mat der Hëllef vun der Koalitioun d’Dschihadisten aus Mossul verjot. An dëser Géigend, déi haaptsächlech vu Sunnitte bewunnt ass, ass Tal-Afar eng schiitesch Enklav mat enger turkmenescher Majoritéit. Iert den IS d’Kontroll vun Tal-Afar iwwerholl huet, hunn hei 200.000 Mënsche gelieft.

Vertrieder vun de lokalen Autoritéiten, déi sech duerch d’Bascht konnte maachen, ginn un haut net soen ze kënne wéi vill Zivilisten nach an der Stad sinn. Wéi bei den anere Stied, déi den IS sech ënnert de Nol gerappt huet, hunn d’Awunner kee Kontakt zur Aussewelt. Dës Vertrieder beschëllegen awer den IS sech dausende Familljen als Schutzschëld ze bedéngen. Dat grad während de säit Wochen unhalende Loftschléi vun der Koalitioun, déi de Buedem fir en Ugrëff virbereeden.

Et gëtt dann och preziséiert, datt nieft den Eenheete vun der Arméi an der Police, och Unitéite vun der Antiterroreenheet „Hachd al-Chaabi“ un den Operatioune vun Tal-Afar deel huelen.

„An den éischte Stonne vum Dag, hunn sech d’Gewierer an d’Fändele géint hir Ziler geriicht“ proklaméiert an engem Communiqué den Ahmed al-Assadi, Spriecher vum Hachd, deen zanter Méint Tal-Afar belagert. „D’Victoire iwwer Tal-Afar ass gräifbar. Déi irakesch Stad déi als Geisel geholl gouf a jorelaang duerch barbaresch Razzien erniddregt ginn ass“ ënnersträicht den al-Assadi.

Esou wéi Tal-Afar zeréckeruewert ass, wëllen déi irakesch Autoritéiten sech der Stad Hawija an der Provënz Kirkouk unhuelen. Déi läit 300 Kilometer nërdlech vu Bagdad. Duerno sollen sech d’Operatiounen op déi nërdlech Provënz vun Al-Anbar konzentréieren. Dat notamment an der Wüsteregioun vun Al-Quaim, un der Grenz zu Syrien.

mam Ali Choukeir/AFP

Foto: Nodeems d’Zaldoten d’Alstad vu Mossul den 10.Juli zeréckeruewert hunn, sinn se motivéiert och zu Tal-Afar „kuerze“ Prozess ze maachen. D’IS-Kämpfer hunn nëmmen d’Wiel sech ze erginn oder ze stierwen. (© Fadel Senna/AFP)

 

vun den 20/08/2017
 
Facebook Comments