SHARE

Mir sinn dräi Schülerinnen aus dem Atert Lycée Reiden an organiséieren een Laf fir en gudden Zweck. T’Spenden ginn un “Een Häerz fir kriibskrank Kanner”. Dënn Datum vum Laf ass festgeluecht fir 12. Februar 2017. De Parcours ass zu Beckerich am Fitnessparcours. Jiddereen iwwer 12 Joer däerf matlafen.

Konditiounen fir t’Participatioun:

i284852689443137653-_szw1280h1280_
Een Häerz fir Kriidskrank Kanner

 

– Inscriptioun iwwert den Site vum Atert Lycée Reiden. (Den Formular gëtt nach virbereet, bis dohinner kenn Dir Iech och iwwer  E-Mail.: kriibslaf@gmail.com  umellen)

– Dir musst méi al wei 12 Joer sinn.
– Wann dir Iech ugemellt hutt, dann kritt Dir eng E-mail mat der Kontosnummer. Dir sidd  offiziell ugemellt, wann dir iwwerwisen hutt.

– De Laf vun 6 Kilometer ass 6 Euro

– De Laf vun 12 Kilometer ass 12 Euro

– Dënn Delai fir t’Umeldung ass bis den 30. Januar 2017.

– T’Dossard’en ginn den 12. Februar 2017 vun 8 Auer bis 9 Auer 30 virun der Sportshal verdeelt.

 

Méi Informatiounen fir dësen flotten Laf, wäerten an den nächsten Wochen kommen.
Wann nach wichteg froen sinn, kenn Dir eis gär ënnert folgender E-Mail Adresse kontaktéieren:

kriibslaf@gmail.com

http://kriibslaf2017.simplesite.com

 

 

Facebook Comments

LEAVE A REPLY