SHARE

Police

Net nëmmen dass en Automobilist mat gutt 151 Stonnekilometer laanscht eng Kontroll gerannt ass… D’Persoun war och nach alkoholiséiert.

An der Stad an der Areler Strooss gouf dann en Dënschdeg den Owend géint hallwer 11 e Automobilist bei enger Vitessekontroll beim Waassertuerm geblëtzt, dee ganzer 151 Stonnekilometer drop hat.

Well de Chauffeur esou séier ënnerwee war, konnt hien net direkt ugehale ginn, mee eng Poursuite gouf lancéiert.

© Eldo.lu
© Eldo.lu

Bei enger rouder Luucht zu Stroossen konnt de Won dunn ugehale ginn. Bei der Kontroll koum eraus, dass de Chauffeur alkoholiséiert war. De Permis war selbstverständlech fort


Text von Eldo


 

LEAVE A REPLY