SHARE

Fluessweiler – Mënsbech

An der Nuecht op e Samschden tëscht 23 an 2 Auer waren 3 Männer an e puer Wunnengen agebrach, ier si in flagranti erwëscht goufen.

Zu Gonnereng gouf e Samschden den Owend a méi Haiser agebrach. Zeien hunn der Police gemellt, datt 3 Leit an de Gäert vun den Haiser ronderëm géinge schläichen.

Kuerz drop ass enger Patrull e Peugeot 406 mat franséische Placken opgefall. Déi dräi presuméiert Täter si fort gerannt, bis an e Feldwee um Banzelt. Dono goung d’Flucht zu Fouss virun.

Der Police ass et gelonge fir ee vun den dräi Männer ze verhaften. Et handelt sech ëm e Mann, deen de franséischen Autoritéite bekannt ass. Seng Fangerofdréck a seng DNA goufe registréiert. De Mann konnt de Policebüro dono nees verloossen. Hie sot iwwregens, datt hien déi zwou aner Persounen net géing kennen.

An deem Kader sicht d’Police am Raum Fluessweiler-Mënsbech no deenen 2 Persounen. Et ass och den Opruff, datt ee kee Frieme mam Auto soll mathuelen an direkt den 113 soll alarméieren, falls een eppes Verdächteges gesäit.

Am Fluchtauto gouf Abriecher-Geschier fonnt awer keng geklauten Objeten.
E Samschden de Moien ass an der Biedergaass an der Stad géint 4.30 Auer e Mann bei säin Auto komm an huet gesinn, datt 2 Persoune bannendran hantéiert hunn. Wéi hien ugefaangen huet ze jäizen, si béid Täter fortgelaf. Kuerz drop konnte si awer gepëtzt ginn. Si hate Saache bei sech, déi si kuerz virdrun aus dem Auto vum Affer geklaut haten. Just de Portmonni war net méi ze fannen.

Facebook Comments