SHARE

Wann déi 9. Editioun vu Rock de Schleck och vum Reen iwwerfall ginn ass, esou huet dat der Stëmmung keen Ofbroch bruecht. D’Laun war beschtens, obwuel sech d’Organisateuren iwwert eppes méi Public gefreet hätt.

 

9. Editioun vu Rock de Schlek, Machtum 2017 -Trappers – © Martine de LagardèreDe 

Um musikalesche Plang, mat ausnam vun enger „SKA“ Band vun Tréier, stungen dann och nëmme Lëtzebuerger Gruppen um Programm. Vu Folk-Rock iwwer Electro-Pop bis hin zu kräftegem Metal ware vill Genrë vertrueden. An dofir gëtt eigentlech och e Public, well dat wat gebuede gouf wierklech vum feinsten ass.

E Bléck op d’Bühn

Den Ufank hunn d’Trappers, eng „alternative Rock“ Band gemaach. Bestoend aus dem Greg Colling, Georges Colling, Joé Birchen an dem Serge Vanderpoel, spillen si eege Wierker. An dat ganz androcksvoll, wéi ee sech – well ee wéinst dem Wieder de Wee op Meechtem net fonnt huet – op Youtube dierf iwwerzeegen. Wiem ee Lidd net duer geet, sollt sech den Album „Timshell“ kropen, lount sech wierklech.

9. Editioun vu Rock de Schlek, Machtum 2017 -Trappers – © Martine de Lagardère

Mat Mind Rebellion, déi och zu Diddeleng am Kader vun der Fête de la Musique ganz positiv opgefall sinn, war eng Mëschung vu Punk a Stone Rock gebueden. Eng Band déi vu sech selwer seet: „Mir gesinn eis Optrëtter net als Concert, mee éischter als Party“. Deem ass zouzestëmme well se maache wierklech Loscht op méi. Och hei kann een sech en Abléck op Youtube gënnen.

9. Editioun vu Rock de Schlek, Machtum 2017 – Mind Rebellion – © Martine de Lagardère

Als drëtt Band stoungen aus der Géigend vum Préizerdaul d’Jonge vun Antifragile op der Bühn. Mat engem „mathematesche post-Rock“ dee seng Influenzen aus dem Indierock definitiv net verstoppe kann, eng groussaarteg Formatioun. Absolut danzfäeg kann ee sech dat awer och beim „chillen“ eranzéien. Wien hir CD nach net huet an ze knéckeg ass fir sech dat eent oder anert Lidd op i-Tunes erofzelueden, sollt hei https://soundcloud.com/antifragile klicken.

9. Editioun vu Rock de Schlek, Machtum 2017 – Antifragile – © Martine de Lagardère

Vun Tréier sinn d’Jonge vu Spy Kowlik. Eng richteg cool Ska-Band déi eppes méi roueg ugeet, wéi een dat eigentlech vu Ska gewinnt ass. Déi aacht Museker maachen zanter dem Joer 2000 och international op sech opmierksam. Hiren 4. Album Spycology, deen am Februar 2012 op de Maart komm ass, hunn se sech dann och definitiv an der Zeen etabléiert. Danzen ass tromp an et kann ee sech deem och net entzéien. E Youtube Video, deen an der Rockhal opgeholl ginn ass erlaabt en Abléck.

9. Editioun vu Rock de Schlek, Machtum 2017 – Spy Kowlik – © Martine de Lagardère

Mam Projet vum Olivier Treinen (Metro) zesumme mam Mike Koster (Hal Flavin), dem Ben Thommes (Inborn) an dem Luc Hoffmann (Bernie Zeches) hu mer d’Äerd fir ee kuerze Moment verlooss. Ice In My Eyes sinn eng schéi Visittekaart fir Lëtzebuerger zäitgenëssesch Musek. Hiren danzbaren Indie-Pop stil deem de groussen Afloss vun Electro net ofzeschwätzen ass, huet de Public vu Meechtem, trotz enger Schauer, a Bewegung bruecht. Mat engem erwaarte Vinyl-Album Enn des Joers steet eis nach eng mega Release-Party an d’Haus.

9. Editioun vu Rock de Schlek, Machtum 2017 – Ice In My Eyes – © Martine de Lagardère

Schonn eppes méi Spéit am Owend, da mat Elysian Gates en Ofstiecher an d’Welt vum Symphonic Metal. Melodiéis an awer punktuell kräfteg, huet d’Band, déi zanter 2010 hire Genre gutt ze vertriede versteet, mëttlerweil och international Renommée. Si konnten dann ouni Problem d’Gäscht vum Rock de Schleck iwwerzeegen. Hiren Album „Crossroads“ ass dann och eppes dat mir ënnert dem Predikat „Begierenswäert“ klasséieren. Kroopt iech een iert et kee méi gëtt oder kuckt wéinstens op Youtube wat se drop hunn.

9. Editioun vu Rock de Schlek, Machtum 2017 – Elysian Gates – © Martine de Lagardère

Voll „brutal“ a mat engem leider ëmmer méi klengem Public, war Cosmogon op der Bühn ënnerwee. Déi Escher Minettsdäpp sinn Haart awer gehirlos rhythmesch am Aklang mat hirem Genre. Net wierklech Trash- awer och nach net Death-Metal, huet dëse Genre awer och zu Lëtzebuerg schonn zanter laangem säi Public. Si sinn dann och uechtert d’Land gäre gesi Gäscht, net zu gudder Läscht wéinst der Stëmmung déi ze verbreede verstinn. Op Bandcamp kann ee sech mat der EP Chaos Magnum eng Iddi maachen.

9. Editioun vu Rock de Schlek, Machtum 2017 – Cosmogon – © Martine de Lagardère

Fir den Ofschloss vum Owend, war Rat Oktober ageluede ginn. Hir Ëmsetzung vun alternative Rock léisst engem d’Häerz opgoen. Propper verschafft, sinn si eng gutt Reklamm fir dëse Genre. Wann si och d’Pech hate virun enger wierklech klenger Kuliss ze spillen, esou sollt ee si am A behalen. Gegrënnt 2015 hunn d’Jongen, wann an se weider esou virbildlech optrieden, eng grouss Zukunft virun sech. Ze lauschteren si se op der „soundcloud“ an et ass es Wäert sech d’Zäit dofir ze huelen.

9. Editioun vu Rock de Schlek, Machtum 2017 – Rat October- © Martine de Lagardère

vun den 21/08/2017

Facebook Comments