SHARE

Sickerbrand oder Brandstëftung?

 

Um Lampertsbierg an der Rue Nicolas Liez huet an der Nuecht op e Samschde géint 2 Auer e Bagger gebrannt.

 

Eng Zeien hat gemellt, datt och eng Explosioun ze héiere gewiescht wär. D’Beruffspompjeeën hunn de Brand geläscht.

Kuerz no 4 Auer du stoung awer dee selwechte Bagger nees a Flamen an huet misste geläscht ginn.

E Sickerbrand gëtt grad esou wéineg ausgeschloss ewéi Brandstëftung.

© Jeff Spielmann / RTL Télé Lëtzebuerg
© Jeff Spielmann / RTL Télé Lëtzebuerg
© Jeff Spielmann / RTL Télé Lëtzebuerg
© Jeff Spielmann / RTL Télé Lëtzebuerg

 

 

Facebook Comments