SHARE

Den nationale Wiederdéngscht Meteolux huet fir haut schwéier Wiederen mat Knëppelsteng a staarkem Stuerm viraus gesot.

 

Meteolux huet fir den Norde vum Land Alerte Orange eraus ginn. Hei si staark Wiedere méiglech mat Knëppelsteng bis zu 3 cm an Wandstéiss bis zu 110 km/h. Bannent enger Stonn kënnen  bis zu 35 Liter Reen/Meter Carré falen.

Fir de Rescht vum Land huet Meteolux Alerte Jaune eraus ginn. Bis 22h denowend si staark Donnerwieder méiglech. Nieft Blëtz an Donner kënne Wandvitessen vu bis zu 65 Stonnekilometer erreecht ginn.  Och Knëppelsteng kënne falen.  D’Temperaturen leien dobäi tëscht 23 a 25 Grad.

Muer soll d’Wieder sech nees berouegen.

Video By ©  Philippe Ernzers

 

 

 
© afp
© afp

 

 

Facebook Comments